Ordo Equestris Vini Europae
Konsulat Lëtzebuerg
Ordo Equestris Vini Europae
Den Ordo Equestris Vini Europae steet an der Traditioun vum habsburgesche St.-Georgs-Ritteruerden aus de Joren 1333/1468 respektiv 1984 a féiert dës weider.
Den Europäesche Wäiritteruerden setzt sech op villfälteg Aart a Weis op europäeschem Niveau fir Kultur a Wëssenschaft souwéi fir Frëndschaft a Fridden an.
An Objetivitéit vis-à-vis vu Konfessiounen, Politik, Wirtschaft a Standesinteresse wierke mir:
- fir d’Wäikultur an d’Wäertschätzung souwéi d’Bekanntmaache vum edle Wäin
- fir d’Wëssenschaft an d’Fuerschung ronderëm de Wäin
- fir dat Wouert, dat Gutt an dat Schéint souwéi fir kultivéiert Fester
- fir d’Verbesserung vun de Liewenssaachen an de Wäisaachen
- fir déi chrëschtlech Wäerter, well dat sakraalt Mëttelpunkt vum Wäiritteruerden am Symbol vun eisem Glawen verankert ass
- fir d’Fleeg vun ideelle Wäerter, enger nobeler Geeschteshaltung an enger edler ridderlecher Frëndschaft
- fir sozial a karitativ Wierker souwéi kulturell a wëssenschaftlech Initiativen
- fir déi europäesch Identitéit an déi natierlech europäesch Zesummengehéieregkeet
- fir de richtegen Adel vum Geescht, wouduerch d’Ritterämter duerch Fräiwëllegkeet an Éierenamtlechkeet ausgezeechent sinn – an domat gemengnëtzeg an net op Gewënn ausgeriicht sinn
- fir d’Mënschewierd an déi europäesch Wäertegemeinschaft
Konsulat Lëtzebuerg
D’Konsulat Lëtzebuerg gouf am Joer 2016 gegrënnt.
1. Konsulatsvirsëtzenden ass de Proconsul Eques Istvan von Habsburg-Lothringen.
2. Konsulatsvirsëtzenden ass de Proconsul Eques Paul Wolff.
Eist Konsulat huet säi Sëtz zu Gréivemacher un der Musel.
Op de sonneverwinnten Häng vun der Lëtzebuerger Musel reife säit Joerhonnerten edel Wäiner vun aussergewéinlecher Rengheet an Eleganz. An dëser traditiounsräicher Regioun bréngen d’Wënzerinnen an d’Wënzer Joer fir Joer Wäiner ervir, déi duerch Frëschheet, Mineralitéit a fein Aromen begeeschteren. Drauwenzorten ewéi Riesling, Auxerrois a Pinot Gris verkierperen d’Séil vum Terroir.